Single Release

.

© Lynn Cosyn

Artwork: Lynn Cosyn

.

.

24. November 2023, 22:00

Release Day vum offizielle Song vun der KANNER RADIO NUECHT

Song op Youtube lauschteren:

https://www.youtube.com/watch?v=NSnrDIq2cnI

Spotify:

https://open.spotify.com/embed/track/17dDUCCpMbdNaFgNiXCUsc?utm_source=generator

.

.

.

03. Juni 2022, 00:00

Single Release Day – BLABLABLA

Di éischt Lëtzebuerger Superheldin déi rappe kann, d’NIKKI NINJA, bréngt den 03. Juni 2022 zesumme mam JESSI JAUS, senger beschter Frëndin, dem DJ MAXIMIX an de Jazzmuseker vun AFROBEATHOVEN, d’Single “BlaBlaBla” eraus.

Opnahmsession vum 04. Abrëll 2022 @ Holtz Sound,Tuntange v.l.n.r.: Nicole Bausch, Nadja Prange, Pol Belardi, Charel Stoltz © Monni BumBum

BLABLABLA -> Text: Nicole Bausch. Kompositioun: Pol Belardi, Dennis Scholtes. Musek: Afrobeathoven. Rap: Nicole Bausch. Gesang: Nadja Prange. Scratches: Dennis Scholtes. Opnam & Mix: Charel Stoltz. Master: Tom Gatti.

.

“BlaBlaBla” erzielt mat gudder Laun vum Gerechtegkeetssënn vu Kanner an hir Fäegkeet ganz genee nozelauschteren. Zousätzlech ass et eng Erënnerung un d’Eltere fir ëmmer ‘éierlech ze sinn, bei allem wat se soen’.

“BlaBlaBla” ass di éischt Single vum Album “Nikki Ninja & Afrobeathoven”, dat den 19.06.2022 um 11:00 a NÉIMËNSTER virgestallt gëtt. Um Album huet d’Nikki vill Frenn invitéiert, fir op hire witzegen, frechen a coolen Tracks Musek ze maachen a matzesange.

.

Mat “BlaBlaBla” huet d’Nikki, zesummen mat Afrobeathoven en danzbaren Hit gemaach, de ganz an der Hip-Hop Traditioun eng sozial Konditioun kritesch beschreift an op eng léif Aart a Weis uprangert. D’Lidd versteet sech awer och als Empowerment fir d’Kanner a feiert ‘wéi gutt et deet, eng Stëmm ze hunn’.

Dee vum Charel Stoltz am Holtz Sound produzéierte Partysong animéiert fir matzemaachen a ganz wichteg: seng Meenung ze soën! Well: “Wie gutt mam Nikki Ninja matbrëlle kann, ka spéider selwer eng gutt Rapper*in ginn!“ 😁

Lauschtert “BlaBlaBla” vum 03. Juni 2022 op allen Online-Plattformen (Spotify, Apple iTunes, Amazon Music, Youtube Music) oder op onse Facebook-, Instagram- an TikTok-Säiten. Gäre kënnt der eis, op deene Kanäl, ‘liken’, ‘followen’ an tonnen Häerzer schécken. ❤️ Mir freeën eis op all är Kommentaren…dat ass net nëmme BlaBlabla!