Firwat Hip-Hop fir Kanner

Eng Bemierkung direkt am Ufank 

Wa mir vu Rapmusek fir Kanner schwätzen, da geet et eis natierlech net drëm en Hip-Hop ze promoten wou Sexismus, Drogen oder Gewalt verherrlecht ginn. Mir distanzéieren eis ferm zu dëser Zort Hip-Hop, déi natierlech net a Kannerhänn gehéiert.  
Am Géigendeel : mir schwätzen vun enger Zort ‘conscious hip-hop’ mat Texter an enger Sprooch déi d’Kanner verstinn, déi Situatiounen beschreiwen déi si am Alldag erliewen, mat Themen déi si interesséieren an identifizéiere kënnen. Mir schwätze vun engem Rap mat sengen urspréngleche Wäerter : Respekt, Heemecht, Frëndschaft, Fairness, Inclusioun, Motivatioun an d’Léift zur Sprooch…onoofhänge vu Nationalitéiten, Status an Hautfaarf. 

All Kand weess wat Hip-Hop ass, all Kand hat schonn mat Hip-Hop ze dinn, sieft et an der Strooss, am Radio, am Supermarché oder am Musée… Hip-Hop ass mëttlerweil iwwerall.

Zum Besipill: d’Expo HIP-HOP 360 an der Philharmonie de Paris -> Dezember 2021 – Juli 2022

D’Hip–Hop- Kultur existéiert zanter de 70er Joeren a gëtt oft als ‘Jugendkultur’ charakteriséiert, déi am längsten hiren Hype behale konnt. Mëttlerweil ass de Musikstyle an der Mëtt vum Mainstream ukomm, ouni awer seng Street-Culture-Coolness ze verléieren. DJ-ing, MC-ing (Rap), Breakdance a Graffiti sinn di 4 Elementer, déi sech géigesäiteg beaflosst hunn a fir d’Hip-Hop Kultur gläichermoossen wichteg sinn. Si bidden de Kanner a Jugendlecher ënnerschiddlech Mëttel a Weeër, sech vun der Welt vun den Erwuessener ofzegrenzen.

Zanter kuerzem ginn et international Rapper, déi fir Kanner erfollegräich Musek maachen. An Däitschland zum Beispill : Bürger Lars Dietrich, Deine Freunde, Sukini oder och nach DIKKA, das rappende Nashorn.

Lëtzebuerger Hip-Hop Musek fir Kanner gëtt et zu Lëtzebuerg nach net an dat obwuel di Lëtzebuerger Hip-Hop Szeen den Ament sou interessant a wibbeleg ass. Esou wor et just nach eng Fro vun der Zäit bis deen éischte Hip-Hop Projet mat Lëtzebuerger Texter fir Kanner produzéiert gëtt.

And here we are: NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN, e Projet vum Nicole Bausch an Dan Tanson mat Kompositioune vum Pol Belardi + Dennis Scholtes.

Den Dan Tanson, zanter Enn 80’er selwer e groussen Hip-Hop Fan, interesséiert sech scho méi laang fir ze ënnersichen, wéi een Afloss e Rapflow op Erzielweisen huet a wéi dëse Vibe theatral an zäitgeméiss fir Theaterprojets fir Kanner agesat ka ginn. Mat senger Kënschtler-Residenz a Neimënster (Saisons 21 & 22) krut en d’Geleeënheet des Froen mat der Lëtzebuerger Rapperin Nicole Bausch (vum Hip-Hop Projet NICOOL) resultatfrei z’ënnersichen a mat Spriechgesang ze experimentéieren. Duerch des Renconter ass d’Loscht entstanen fir zesummen e Projet fir Kanner ze starten. Mam Pol Belardi ass e weideren Residenzkënschtler vu Neimënster derbäi komm an esou wor d’Iddi vum Projet NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN gebuer.

=======

An awer kann a muss e sech d’Fro stellen: Firwat Hip-Hop fir Kanner?

Mir soën: Firwat net!

Vill Elteren genéissen d’Zäit, wou hier Kanner ‘Kannermusek‘ gär hunn, well et gi jo wierklech vill schéin Lidder fir eis Kleng Nolauschterer. Dachs kann et awer och mol ustrengend ginn, wa Kanner am Auto z.B. andauernd di selwecht Musek lauschtere wëllen; och wa se flott ass.

Zum Gléck ginn et zanter e puer Joer modern ausgeriichte Kënstlecher, déi flott a qualitativ usprochsvoll Musek op Lëtzebuergesch fir Kanner proposéieren : sou wéi zB. dem Romy Grandgenet seng Projete Tutebatti, Schrauwelisi a Rabbelkapp oder dem Dan Tanson a Georges Urwald hiere Projet: De Kapitän Mullebutz a Seng Séisswaassermatrousen. Net ze vergiessen eisen all time favourite de Kréckelnéckel vum Jang Linster.

Mam Hip-Hop Projet NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN, bidde mer genee di richteg Musek fir Kanner (an hir Elteren) un déi Hip-Hop als Style gär hunn, déi awer zum Gléck nach net am Kanner-Onfrëndlechen Kosmos vum Erwuessene-Rap schwammen.. oder schwammen däerfen.

Hannert dem Projet NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN stiechen 4 bekannte Lëtzebuerger Kënschtlerperséinlechkeeten : d’Nicole Bausch (vum Hip-Hop Projet NICOOL), den Dennis Scholtes (DJ BTM), de Pol Belardi (mat sengem Bandprojet AFROBEATHOVEN) an den Dan Tanson (Spezialist fir Musektheater fir Kanner). Zesummen hun di 4 e flotten Programm op d’Been gestallt, dee mat Wuertwitz, fette Beats, jazzy Hooks a schlaue Reimereien vum fiktive Lëtzebuerger Duerf Räppeldëng erzielt.

De Projet NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN ass e Concert deen als Spektakel ugeluecht ass. D’Kënschtler hunn decidéiert der Rapperin Nicole Bausch hei eng Zort weiblechen Superheldenstatus ze ginn, wou hatt mat sengem Alter Ego NIKKI NINJA iwwert sech erauswuessen kann. D’NIKKI NINJA erzielt vu RÄPPELDENG, engem fiktive rouegen Lëtzebuerger Duerf an deem hatt lieft. Roueg ass relativ, well do wou d’NIKKI NINJA opdaucht ass eng lass ! D’Texter erziele vu Situatiounen an Erliefnisser déi zu Räppeldeng (oder an egal wéi engem Duerf/Klengstad) passéiere kënnen. Am Kostüm vu der Superheldin NIKKI NINJA, vum Alexandra Lichtenberger designt, gëtt d’Nicole Bausch souzesoen eng larger than life Identifikatiounsfigur, eng Projektiounsfläch zu der d’Kanner sech verbonne fille kënnen.

NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN trieden mat DJ (live-scratching), Backup-Rapperin (Nadja Prange) a live Band op. D’Beats an d’Musek entstinn an der Zesummenaarbecht vu de bekannte Lëtzebuerger Museker Pol Belardi an dem Dennis Scholtes (DJ BTM). D’Musek ass als eng Hommage un den Golden Age of Hip-Hop geduecht, en Hip-Hop Genre aus de spéiden 80’s/Ugangs 90’s, deen d’Elteren aus hirer eegener Kandheet kennen dierften. Verschidde Samples stamen vun ale Lëtzebuerger Mäerechers-Plakken a mat Stëmmen vum bekannten Schauspiller. Och heimat wëllen sech d’Kënschtler virun de Virgänger vernäipen a ganz an der Hip-Hop Traditioun, zu enger Reconnaissance a neiem Liewen hëllefen. 

=======

7. GRËNN FIRWAT E LËTZEBUERGER HIP-HOP PROJET FIR KANNER GEBRAUCHT GËTT :

  • D’SCHÉINHEET VUN DER SPROOCH KENNELÉIEREN

En zentraalt, awer net exklusiivt Element vum Rap ass d’Spill mat der Sprooch. Jiddereen kann sech erënneren, wéi flott et ass Michael Ende oder Erich Kästner ze liesen an d’Reimer bei der Maus Ketti oder beim Reenert sinn. Wéi ech Kand war, hu mir des Geschichten d’Aen fir Sprooch opgemaach. Fir d’alleréischt hunn ech erlieft wat ee mat Sprooch alles maache kann. Wann zB. d’Sams freet ob et eng ‘Mamagei’ wierklech gëtt, muss ech haut nach ëmmer schmunzen. Am Endeffekt hu mech des Wuert-Spillereien, nieft de Beats, bei de Rap bruecht. Hei kann ee sech mat Sprooch am kreatiivsten ausdrécken.

  • KANNER LIEBEN ET ZE REIMEN !

Den Ausdrock RAP steet fir Rythm And Poetry. Kanner hu souwuel Rhythmus, wéi och Poesie gär.

Eng kleng Micky Maus, deet hier Box aus, deet se rëm un an Du bass drun ‘ – ‘sou Oofzielreimer gi nach ëmmer am Alldag benotzt. Lidder wéi « Dee grousse groussen Tëntefësch, huet keng zwee Äerm wéi’s Du an ech ! » ginn ëmmer nees gär an der Schoul gesongen. Spéitstens am éischte Schouljoer kommen di eng oder aner Punchline dobäi : « Bal ass nach keng Maus an der Fal », « Deen deen et seet – deen ass et ! » oder « Am Keller steet eng Béierfläsch, wien draus drénkt, dee sténkt ! ». Dëst sinn Zeilen déi en ganz gutt rappe kann. Sou kéint ee bal behaapten, dass Rapmusek de Kanner vu Gebuert un (a subaal se schwätzen léieren) mat an d’Wéi geluecht gëtt ! 

Iergendwann denkt sech all Kand seng eege Reimer aus. Déi seet een dann fir ze spillen melodesch op oder et kann een se sangen. OK t’éischt mécht een dat fir sech selwer, mee et kann een se dann, deenen aneren opsoen. Et brauch een dofir net schei ze sinn oder sech ze schummen a jiddereen kann säi ganz eegenen Stil fannen. Ënner Rapper ginn et Kënstlecher, déi ganz séier rappen oder extra lues a vernujelt, oder och déi, di ganz besonnesch vill Reimer uneneen opsoë kënnen. De néidege Beat kann e fir d’éischt emol um Been trommelen. Soss fënnt een och um Internet Tonne cool Beats oder Instrumentals vu bekannten an onbekannten Hip-Hop Tracks, op déi e rappe kann. Mëttlerweil gëtt et hei e risegrousst Angebot ! Kanner déi sech dofir interesséieren, kenne sech mat esou Beats ausprobéieren oder/an trainéieren.

  • LAUSCHTERT VILL MUSEK

Kanner hunn en Zougang zu Musek, dee fräi vu Jugement vun der ‘coolness’ ass. Dofir wëlle mir Erwuessener jo de Kanner di vollstänneg Diversitéit vu Musek an all hire Facette weisen. Am Alldag kann een dacks Klassik, Pop, Beatles a Co., Indie-Rock, Elektro a klassesch Kannermusek héieren. Et lauschtert een och mol Jazz, Techno oder Metal – Haaptsaach d’Qualitéit stëmmt an d’Musek ass éierlech a mat Leidenschaft gemaach. Dass Rap och do derbäi ass, wier nëmme konsequent. Ëmmerhin huet sech de Museksstil – zanter den éischte Schrëtt an de 70er – an 80er – zu eng vun de gréisste Jugendkulturen iwwerhaapt (weider-) entwéckelt. Dat schéinst fir zesumme mat de Kanner Musek ze entdecken, ass ze gesinn dass d’Kanner virwëtzeg sinn an an de Stiler nach net sou festgefuer, wéi Erwuessener.  Dofir mécht et eis och esouvill Spaass, Musek fir Kanner ze maachen.

  • D’KANNER EESCHT HUELEN

Et ass net méi vun dëser Zäit fir d’Kanner mat ‘Schnappi a Co.’ ze nerven. Si hu Kannermusek verdéngt déi si als Nolauschterer eescht hëlt. Zum Gléck huet sech op dësem Gebitt vill gedoen (cf. : Tutebatti, Schrauwelisi , Rabbelkapp an De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen) A well et elo eng gréisser Offer gëtt, kënnen d’Elteren bei der Auswiel vu Kannermusek, hirem Nowuess méi Qualitéit zoutrauen.

Och eis wor et beim Songwriting wichteg, d’Kanner « eescht » ze huelen. Mir wëllen awer och ‘intelligent a woke ënnerhalen’, dofir hu mer Songs am Programm déi d’Themen vun Diversitéit, Natur, gesond Liewen a psychesch Gesondheet opgräifen. Dësen Usproch u Qualitéit gëllt net nëmmen bei den Texter mee genee esou bei der Musek. Och de Musikalesche Kader soll schéin a villfälteg sinn, a net nëmme kléngen wéi e Kannerfuesbal oder wéi e Liddermécher deen op senger Akustescher Gittare schruppt.

  • SECH OP MUSEK BEWEEGEN

Op Hip-Hop Musek muss e sech einfach beweegen. Dat ass Gesetz ! 

De Kanner musse mer dat net erzielen, si maachen dat ganz spontan. Et ass en immens flott Gefill d’Beats ze spieren an sech dorop ze beweegen. D’Kanner lauschteren vu sech aus Musek vill méi aktiv a mat méi Leidenschaft, wéi mir Erwuessener. Meng Niessen zB. danzen quasi all Dag an der Stuff. Dat ass op der enger Säit super, anerersäits geet domat och den Usproch un d’Musek an d’Luucht. Scho jonk Kanner soen direkt wann d’Musek langweileg ass.

Mir wëllen d’Loscht un der Beweegung förderen. Dofir kann een op bal all Lidd vu eisem Concert danzen a sech beweegen. D’Kanner ginn hei ëmmer nees invitéiert, d’Beweegungen an d’Dänz matzemaachen. E puer douce a roueg Momenter feelen natierlech net an droen zu engem gudden dramaturgeschen Opbau vum Concert bei.

  • D’HIPHOP–KULTUR AN ALL SENGE FACETTEN AUSPROBÉIREN

D’Hip-Hop Kultur ass eng grouss Spillplaz fir d’Kreativitéit a vill méi, wéi nëmmen gerappte Reimer. Nieft dem Rap gehéiert bei den Hip-Hop DJing, Breackdance, Grafitti a Beatboxing. All des Ausdrocksformen eegnen sech wonnerbar fir Kanner. Et brauch een heivir just den eegene Kierper, seng Stëmm an e bëssen Fantasie fir eppes Neies, eppes Eegenes ze erschafen. All Mënsch kann selwer seng Reimer erfannen, säin eegene Rap-Style entwéckelen, sech en Danz ausdenken a sech wéi e Roboter op d’Musek beweegen. Et kann een seng eege Grafitti-Biller molen an mat engem coole Schrëftzuch ënnerschreiwen. Dofir musse en net extra an eng Schoul goen (vill Hip-Hop Stars sinn Autodidakten an hu sech alles selwer op der Strooss bäibruecht…cf. di bekannte Lëtzebuerger Graffiti-Kënstlecher Sumo & Spike).  

Wann e sech drugëtt kritt een dofir Respekt, all Fortschrëtt all Weiderentwécklung bréngt Unerkennung. Gläichzäiteg gëtt et an der Zeen eng fair Kompetitioun, en aläerten Austausch a vill Inspiratioun. Ganz besonnesch wann een sech un di urspréngleche Wäerter vun der Hip-Hop Kultur hält : Frëndschaft, Verbindung, Zesummesinn, Solidaritéit, Acceptanz, Accessibilitéit, Diversitéit, Gläichstellung, Léift zur Hood (Heemescht), kreativen Ausdrock. Et kann een e Message eriwwer bréngen, op Realitéiten a Mëssstänn opmierksam maachen, Emotiounen beschreiwen, déi e beschäftegen a beréieren. Et erméiglecht all Jonke Mënsch, egal vu wou een hierkënnt, eng Platz am Alldag ze fannen, sech ze positionéieren, ze iwwerleeën wat engem wichteg ass fir e selbstänneg denkenden Erwuessenen ze ginn.

Natierlech kann een Eltere verstoen, déi e grousse Bou ëm Rap maache wou Sexismus, Drogen oder Gewalt verherrlecht ginn. Mir distanzéieren eis ferm zu dëser Zort Hip-Hop, déi natierlech net a Kannerhänn gehéiert. 
  • ÉISCHT CONCERTS-EXPERIENZ

E Concert zesummen mat anere Leit ze erliewen ass elementar an eng wonnerbar Experienz. Dat kann een reegelméisseg an der Philharmonie an de Kulturzentren am Land erliewen. Mee deen éischten Hip-Hop Concert mat senger kénger Energie, mat sengem poeteschem an och e bësselche frechem Entertainment ass onvergiesslech ! Vun Häerze luede mer mer all d’Kanner aus dem ganze Land op esou een Erliefnes an.