
BEATS, FLOW, WUERTWITZ A REIMEREIEN FIR DI GANZ FAMILL AB 7 JOER
NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN ass e Lëtzebuerger Hip-Hop Projet vum Nicole Bausch & Dan Tanson.
BOOKING >>> hei
.

> DOMMHEET <
VIDEOCLIP OUT NOW
.
D’Nikki geet op d’Sich no flotte Geschichten aus Räppeldeng, dem léiwe, klengen a rouegen Duerf, wou hatt a seng Frënn liewen.
Roueg ? Dat hänkt dovun of wien dir frot. Well wa keng lass ass, da maachen d’Nikki Ninja an hier Superhelden-Kolleegen eng lass !
Kommt op Visitt a lauschtert wéi d’Nikki Ninja mat Wuertwitz a schlaue Reimereien vu Räppeldeng erzielt. Kuckt no wéi d’Nikki d’Duerfliewen mat mool witzegen, mol rauen, geckegen & douce Geschichten faarweg moolt.
NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN ass e flotte Museksprojet fir Kanner, deen Lëtzebuerger Hip-Hop mat Jazzmusek zesummen bréngt.
Nicole Bausch & Dan Tanson – Idi & Konzeptioun
Dan Tanson & Nicole Bausch – Artistesch Gesamtleedung
Nicole Bausch – Texter (Lidd #8 mam Dan Tanson)
Milla Trausch & Nicole Bausch – Textentwécklung mat Schoulklassen
Musek:
Pol Belardi – Musikalesch Direktioun
Pol Belardi, Dennis Scholtes – Kompositioun
Nikki Ninja: Nicole Bausch – Rap
Jessi Jaus: Nadja Prange – Rap & Gesang
DJ Maximix: Dennis Scholtes – Scratches
Zen Goken: Pol Belardi – Bass
Benji Bier: Joe Schmitz – Keyboard
Katsuro Kaz: Niels Engel – Drums
CD:
Charles Stoltz (Holtz Sound) – Opnam & Mix
Tom Gatti (Unison Studios) – Mastering
Artwork:
Sascha Di Giambattista – Artwork, Design, Grafik
.
Weider Mataarbechter —> click hei -> CAST
.
Produktioun : NEIMËNSTER

.
Koproduktioun : Escher Theater, Trifolion Echternach

.

.
.
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg, vun der Fondation Sommer, Ville de Luxembourg, Sacem

.

.

.

.
.